
AVEX
Waat ass een AVEX?
Och bei den AvEx gëtt no enger Linn a mat enger Zilsetzung geschafft, dëst ass grad bei Jugendlechen an der Altersgrupp vun 11-14 Joer besonnesch wichteg.
An den AvEx geet et drëms fir ëmmer méi u Selbstännegkeet ze gewannen a fir sech an anerer Verantwortung ze iwwerhuelen. Déi Jugendlech ginn ëmmer méi an de Choix, d’Organisatioun an d’Ausféierung vun den Aktivitéiten agebonnen, getrei dem Motto vum Baden Powell “Ask the boy/girl”. Och de Prinzip vum “learning by doing” gëtt an den AvEx groussgeschriwwen, well een doduerch ëmmer rëm nei Saache léiert an iwwert sech erauswuesse kann. Mir probéieren eis Versammlunge fir déi Jugendlech sou flott ewei méiglech ze gestalten, an dobäi steet Spaass un éischter Stell. Och op Weekender, Sortien an um alljäerleche Summercamp erliewe mir onvergiesslech Momenter zesummen.

Zieler vun engem AVEX sinn:
- Selwer Entscheedungen treffen
- Respektéiert Natur
- Léiert Verantwortung ze iwwerhuelen
- An enger Equipe ze schaffen
- Scoutstechniken kenneléieren
- Natur ze erliewen an ze spieren

Ons Aktivitéiten
All Freiden (Ausser an de Vakanzen)
19:00 – 21:00 Versammlung am Chalet Am Doihl
National Campen
International: Zufikon (CH)
Adventsbazar
Weekender
A villes méi
INTERESSÉIERT?
MELL DECH ELO UN!
UMELDUNG
*Nodeems dir ons dës Felder ausgefëllt hutt akzeptéiert dir dass dir een Newsletter kritt.