
Biber
Waat ass een Biber?
D’Biber ass d’Branch vun deene Jéngste bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, si riichte sech u Kanner vun 6 – 8 Joer aus dem Cycle 2.
Mir wëllen de Kanner d´Liewen am Grupp, wou ee fir deen aneren do ass, de Respekt fir deen aneren a fir d’Natur méi no bréngen. D’Kanner solle fir déi Welt op där mir alleguer zesummeliewen, begeeschtert ginn. Duerch d’Kniwwel sollen d´Kanner hir eegen Talenter entdecken a mat verschiddene Materialie Bekanntschaft maachen. Duerch d´Spill an der Natur kënnen d´Kanner sech op eng aktiv an experimentell Manéier mat hirem Ëmfeld an hirer Ëmwelt auserneesetzen.

Zieler vun engem Biber sinn:
- Géigesäitegem Kenneléieren
- Kenneléiere vu Gruppereegelen
- Kenneléiere vum Déier Biber

Ons Aktivitéiten
All Samschden (Ausser an de Vakanzen)
14:00 – 16:00 Versammlung am Chalet Am Doihl
National Rallyen
Wëllefcher-Biber Andacht
Adventure Day
A villes méi
INTERESSÉIERT?
MELL DECH ELO UN!
UMELDUNG
*Nodeems dir ons dës Felder ausgefëllt hutt akzeptéiert dir dass dir een Newsletter kritt.