Branchen
Ennert dem Begrëff Branchen versteht een verschieden Alterskategorien déi zesummen an Gruppen agéieren an och Aktivitéiten plangen an och machen.
All Branche besteht aus engem Truppechef an ennerschiedlech villen aaner Chefen.

Biber – 1. an 2. Schouljoer
D’Biber sinn d’Branche vun deene Jéngste bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, si riichte sech u Kanner aus dem 1. an 2. Schouljoer.
An der Bibermethod wëlle mir de Kanner d‚Liewen am Grupp, wou ee fir deen aneren do ass, de Respekt fir deen aneren a fir d’Natur méi no bréngen. D’Kanner solle fir déi Welt op där mir alleguer zesumme liewe begeeschtert ginn a mir wëllen déi fir d’Kanner typesch positiv Astellung ënnerstëtzen.

Wëllef – 8 bis 11 Joer
Een Wëllefchen erkennt een duerch säin Foulard deid Fuarwen Giel an Blo hun. Am Wëllefchers Alter léiert en Wëllefchen mat ennerschettlechen Situatiounen eenz ze gin d.h Zesummenliewen mat anneren Wëllefcher Kameroden, Natur ze erforschen, Verantwortung ze iwwerhuelen, Geschicht vum Scoutismus kennenzeléieren an villes Méi!
Ganz nom Motto: Learning by Doing.

Avex – 11 bis 14 Joer
Och bei den Avex gëtt no enger Linn a mat enger Zilsetzung geschafft, dëst ass grad bei Jugendlechen an der Altersgrupp vun 11-14 Joer besonnesch wichteg.
Hei gëtt de Jugendleche geprägt, wat seng spéider Weiderentwécklung ubelaangt. Hie léiert proposéieren, decidéieren, sech organiséieren, sech anzesetzen, respektéieren, sech engagéieren, am Grupp ze liewen an ze agéieren.

CaraPio – 14 bis 17 Joer
CaraPio ass d´Ofkierzung vu Caravellen a Pionéier, dat si Jugendlecher, Meedercher a Jongen, tëscht 14 a 17 Joer. Am Verband vun den LGS ginn et zur Zäit bal 54 CaraPio-Truppen, mat 530 Jugendlechen an 160 Cheftainen a Chef. An deene meeschten Truppen schaffe Meedercher a Jongen zesummen, et ginn awer och nach eenzel Caravellen- a Pionéiertruppen.

RaRo – 17 bis 21 Joer
RaRo sin déi zweet hechsten Branche aus onsem Grupp dest an der Altersspann vun 17 – 21 Joer.
Hei mescht den Raro dem Alterpassend Aktivitéiten an helleft och den Grupp ze gestalten, an selwer Aktivitéiten ze plangen an fierzeschloen.

Matarbeschter
Een Matrabeschter ass een vun deenen Wichtegsten Elementer aus onserem Grupp. ALs Matarbeschter helleft een onsem Grupp wuesen an haaptsächlech den Kanner eng Flott Aktivitéit, Camp oder Weekend ze erméiglechen.
Mär soen Merci an sin Dankbar fier all Matarbeschter deen mär hun an nach kréien!