
CaraPio
Waat ass ee CaraPio?
Ganz vill Wäert gëtt geluecht op Matbestëmmung, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéie vun Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d’Matverantwortung an den Engagement groussgeschriwwe ginn. Am Laf vum Joer ginn 1-2 Weekender geplangt, an den Héichpunkt vum Joer ass e Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland ass a wou am Zelt geschlof gëtt.Mir probéieren eis Versammlunge fir déi Jugendlech sou flott ewei méiglech ze gestalten, an dobäi steet Spaass un éischter Stell. Och op Weekender, Sortien an um alljäerleche Summercamp erliewe mir onvergiesslech Momenter zesummen.
“Fuer duer” ass de Sproch vun de CaraPio
organiséiert eppes, maacht eppes, start eng, zesumme mat äre Frënn.

Zieler vun engem CaraPio sinn:
- Kenneléiere vu frieme Länner, Kulturen a Liewensbedingungen
- Knëppe vun internationale Frëndschaften
- Abenteuer erliewen, sech trauen, Erfarunge maachen
- Am Grupp liewen an zesumme villes erliewen
- d´Natur a senge Verschiddenheeten erliewen
- Grenzen iwwerwannen

Ons Aktivitéiten
All Freiden (Ausser an de Vakanzen)
19:00 – 21:00 Versammlung am Chalet Am Doihl
Iron Scout (65km Hike)
Jocapi
Wanterhike
Camps volonts (Schottland, England, Bosnien, … )
INTERESSÉIERT?
MELL DECH ELO UN!
UMELDUNG
*Nodeems dir ons dës Felder ausgefëllt hutt akzeptéiert dir dass dir een Newsletter kritt.