Frëndschaft

Zesummenhalt

Respekt

Branchen-Umeldungen

 

Ënnert dem Begrëff Branchë versteet ee verschidden Alterskategorien déi zesummen a Gruppen agéieren an och Aktivitéite plangen an och maachen.

 

All Branche besteet aus engem Truppechef an ënnerschiddlech villen aner Cheffen.

Biber – 6 bis 8 Joer

D’Biber ass d’Branch vun deene Jéngste bei de Lëtzebuerger Guiden a Scouten, si riichte sech u Kanner vun 6 – 8 Joer aus dem Cycle 2.

Mir wëllen de Kanner d´Liewen am Grupp, wou ee fir deen aneren do ass, de Respekt fir deen aneren a fir d’Natur méi no bréngen. D’Kanner solle fir déi Welt op där mir alleguer zesummeliewen, begeeschtert ginn. Duerch d’Kniwwel sollen d´Kanner hir eegen Talenter entdecken a mat verschiddene Materialie Bekanntschaft maachen. Duerch d´Spill an der Natur kënnen d´Kanner sech op eng aktiv an experimentell Manéier mat hirem Ëmfeld an hirer Ëmwelt auserneesetzen.

Wëllef – 8 bis 11 Joer

 

Si entdecken, fuerschen, léieren, schléisse Frëndschaften,….an dat alles bei eis an de Versammlungen. Mir maachen allerhand interessant Aktivitéiten, ginn zesummen op Sortien an op 2-3 Weekender. Den Héichpunkt vum Scoutsjoer ass de Summercamp; dat ass ëmmer e super Erliefnis. Do schlofe mir 4 Nuechten hei am Land an engem flotte Chalet. Nach méi kuerz a knackeg gesot, léieren d‘Kanner an de Wëllefcher ganz elementar Wäerter kennen: Solidaritéit, Verantwortung, Hëllefsbereetschaft, Matgefill, Geschécklechkeet, a.s.w.

Ganz nom Motto: Learning by Doing.  

Avex – 11 bis 14 Joer

Och bei den AvEx gëtt no enger Linn a mat enger Zilsetzung geschafft, dëst ass grad bei Jugendlechen an der Altersgrupp vun 11-14 Joer besonnesch wichteg.

An den AvEx geet et drëms fir ëmmer méi u Selbstännegkeet ze gewannen a fir sech an anerer Verantwortung ze iwwerhuelen. Déi Jugendlech ginn ëmmer méi an de Choix, d’Organisatioun an d’Ausféierung vun den Aktivitéiten agebonnen, getrei dem Motto vum Baden Powell “Ask the boy/girl”. Och de Prinzip vum “learning by doing” gëtt an den AvEx groussgeschriwwen, well een doduerch ëmmer rëm nei Saache léiert an iwwert sech erauswuesse kann. Mir probéieren eis Versammlunge fir déi Jugendlech sou flott ewei méiglech ze gestalten, an dobäi steet Spaass un éischter Stell. Och op Weekender, Sortien an um alljäerleche Summercamp erliewe mir onvergiesslech Momenter zesummen.

CaraPio – 14 bis 17 Joer

Ganz vill Wäert gëtt geluecht op Matbestëmmung, souwuel bei der Wiel a Virbereedung, wéi och beim Duerchzéie vun Aktivitéiten. Et läit op der Hand, dass also och d’Matverantwortung an den Engagement groussgeschriwwe ginn. Am Laf vum Joer ginn 1-2 Weekender geplangt, an den Héichpunkt vum Joer ass e Camp, dee bei de CaraPio meeschtens am Ausland ass a wou am Zelt geschlof gëtt.Mir probéieren eis Versammlunge fir déi Jugendlech sou flott ewei méiglech ze gestalten, an dobäi steet Spaass un éischter Stell. Och op Weekender, Sortien an um alljäerleche Summercamp erliewe mir onvergiesslech Momenter zesummen.

“Fuer duer” ass de Sproch vun de CaraPio
organiséiert eppes, maacht eppes, start eng, zesumme mat äre Frënn.

RaRo – 17 bis 23 Joer

RaRo sinn déi zweet héchste Branch aus onsem Grupp, dëst an der Altersspann vu 17 – 23 Joer.

D’Ziler vun de RaRo orientéiere sech un de Besoinen vun de jonken Erwuessenen. D’grousst Zil ass, dass déi jonk Erwuesse lues a lues duerch Aktioune bewosst un hirem Erwuesse-sinn an Engagéiert-si schaffen. De Grupp, wou d´RaRo sech treffen, nennt sech Clan. Dëse Clan trefft sech reegelméisseg a Versammlungen a setzt sech Ziler a Reegelen. D´RaRo léieren zesumme schaffen an huelen Decisiounen zesummen.

Mataarbechter

Ee Mataarbechter ass ee vun deene Wichtegsten Elementer aus onseree Grupp. Als Mataarbechter hëlleft een onsem Grupp wuessen an haaptsächlech de Kanner eng Flott Aktivitéit, Camp oder Weekend ze erméiglechen.

 

Mir soe Merci a sinn dankbar fir all Mataarbechter, dee mir hunn an nach kréien!