
Wëllefcher
Waat ass ee Wëllefchen?
Si entdecken, fuerschen, léieren, schléisse Frëndschaften,….an dat alles bei eis an de Versammlungen. Mir maachen allerhand interessant Aktivitéiten, ginn zesummen op Sortien an op 2-3 Weekender. Den Héichpunkt vum Scoutsjoer ass de Summercamp; dat ass ëmmer e super Erliefnis. Do schlofe mir 4 Nuechten hei am Land an engem flotte Chalet. Nach méi kuerz a knackeg gesot, léieren d‘Kanner an de Wëllefcher ganz elementar Wäerter kennen: Solidaritéit, Verantwortung, Hëllefsbereetschaft, Matgefill, Geschécklechkeet, a.s.w.
Ganz nom Motto: Learning by Doing.

Zieler vun engem Wëllefchen sinn:
- De Wëllefchen trainéiert fir Meeschter ze ginn iwwer Kierper a Geescht
- Respektéiert Natur
- Léiert Verantwortung ze iwwerhuelen
- An enger Equipe ze schaffen
- Iwwert séin eege Schied ze sprangen
- Sech un d’Scoutsliewen eruntaaschten
- An enger spillerescher Aart a Weis no der Scoutsmethod ze liewen

Ons Aktivitéiten
All Samschden (Ausser an de Vakanzen)
14:00 – 16:00 Versammlung am Chalet Am Doihl
National Rallyen
Wëllefcher-Biber Andacht
Adventsbazar
Naturdaag
A Villes Méi
INTERESSÉIERT?
MELL DECH ELO UN!
UMELDUNG
*Nodeems dir ons dës Felder ausgefëllt hutt akzeptéiert dir dass dir een Newsletter kritt.